D'Virstellungen déi den "Normalbierger"
vis-à-vis vum Karate huet schéngen oft onvollstänneg,
wann net esouguer falsch oder verzerrt. Relativ dacks trëfft
een z.B op d’ Virstellung, et misst een a jonkem Alter mam Karate's-Training
ufänken, fir datt et nach e Sënn hätt, oder et géif
ee sech vill blo Plazen an aner Verletzungen am Training huelen.
Déi Virstellunge stëmmen allerdéngs net ganz:
- de Karate: e Sport fir Mënschen aus jidder Alterskategorie
De Karate ka souwuel vu jonke Kanner, wéi och vun eelere
Leit bis an den “héijen” Alter era praktizéiert gin.
Karate fir Kanner
E gudden Alter fir Kanner, fir mam Karate unzefänken, ass dee
vun ongeféier 6 Joer: Si léieren immens séier, si gewannen
a kuerzer Zäit vill u Kierperbewosstsin an u Souplesse, an den Training
fördert di mental Konzentratioun an d’Disziplin. Fir datt de Karate-Training
net de sensibele Kannergelenker schued, ginn am Training üblecherweis
di méi Gelenk-belaaschtend Übungen ewechgelooss.
Karate fir déi “manner Jonk”
Selbstverständlech kann een och méi spéit nach mam Karate ufänken:
Et ass erwisen, datt och déi manner jonk Leit bei regelméissegem
Training nach vill u Souplesse derzou kënne gewannen, och wann se
net méi un de selwechte Souplesse-Niveau vu jonke Leit wäerten
erukommen. De Karate ass och fir si eng gesond Sportaart, déi
zu méi Ausdauer, enger besserer Konzentratiounskraaft an zu engem
verbesserte Kierperbewosstsin féiert.