Home
Karate
Identitéit v. Club
Trainer'en
Dojo
Trainingszäiten
Etiquette
Cotisatioun
Evenementer
Foto'en
Karikaturen
Link'en
Comité/Kontakt
Download
Impressum

KAMIGAITO WADO RYU KARATE CLUB MAMER

Wado Ryu

Am Karate ginn et traditionell 4 grouss Stilrichtungen, vun deenen de Wado Ryu eng duerstellt.

De Begrëff Wado-Ryu kennt vu "Wa" - Fridden, Harmonie; "do" - de Wee; an "Ryu" - Stil, d.h. de Wee vum Fridden, vun der Harmonie.

Gegrënnt gouf de Wado-Ryu vum Meeschter Hironori Otsuka. Den Otsuka huet, nodeems en eng länger Zäit Schüler beim Gichin Funakoshi wor, säin eegene Wee am Karate gesicht, an huet sech am Joer 1935 explizit vum Stil vum Funakoshi ewech bewegt. Notamment huet de Meeschter Otsuka den "Ju-Kumite" am Training agefouert (de Funakoshi huet déi Zäit nëmme Kata'en enseignéiert), an zahlreich Elementer aus dem klasseschen, japanesche Ju-Jitsu integréiert. Eng besonnesch Charakteristik am Wado-Ryu (par rapport zum Shotokan) fënnt een an senge méi ekonomeschen, manner prononcéierte Mouvementer, an a senger Betounung vum Prinzip vum Auswäichen.


      © Kamigaito Wado Ryu Karate Club Mamer ///// Aktualiséiert de 15. Mäerz 2009
version française lëtzebuergesch Versioun