|
De Yoshikazu Kamigaito ass e
Personnage mat vill Afloss op den Wado Ryu Karate an der Belsch
an zu Lëtzebuerg. Ursprünglech staamt hien aus enger Regioun
aus dem Zentrum vu Japan. Geléiert huet hien do fir d’aller eischt
Nippon Kempo, waat eng Art japaneschen Boxkampfsport ass.
Do derniewt wor hien och am Shotokan, am Goju Ryu an am Shito Ryu
Karate aktiv. Opgronn vu sénger méi klénger Statur huet den Kamigaito
no neien, méi efficacen Techniken gesicht, an ass dobäi op den Wado
Ryu gestouss. Seng sechs Dan-Graden huet den Maître Kamigaito
all beim Maître Otsuka perséinlech kritt.
Ufanks vun de 70er Joeren ass de
Maître Kamigaito op Louvain komm. Vun do aus huet sech säin Afloss
iwwert d’ganz Belsch an och op Lëtzebuerg verbreet. Zwee lëtzebuergesch
Schüler vun him - den Nicolas
Welsch an den Alex Schuh - wollten di Erfahrung, déi si beim Kamigaito
an der Belsch gemaach hun, och un weider Schüler virugin, waat hinnen
mëttels der Grënnung vum Karate Club Mamer, souwéi der Organisatioun
vun Stagen mam Maître Kamigaito gelongen ass.

De Maître Yoshikazu Kamigaito (1.R., 4. vu riets) bei engem Stage am Dezember 1984 zu Mamer
Während
sengem Openthalt an Europa huet de Maître Kamigaito sechs Bicher
geschriwwen, déi hien mat eegenen Zeechnungen illustréiert
huet.
Am éischte Buch gett beispillsweis de Portrait-Type vun engem
Karate-Ka beschriwwen, souwéi di verschidde Stadien, durch
déi e Karate-Ka a séngem Liewe ka goen:
- Le karaté de la vigueur
- Le karaté de l'harmonie
- Le karaté où les mouvements d'attaque et de défense sont simultanés
- Le karaté sans techniques
- Le karaté sans karaté
Am zweeten Buch beschreiwt
de Kamigaito d'Basistechniken (Kihon), am drëtten an am véierten
d'Kata'en. Am fëneften gi verschidden Typen vu geregelten Ugrëffs-
an Verteidegungs-Schemen duergestalt. Daat sechst Buch vum Maître Kamigaito behandelt verschidden
Aspekter vun der Compétitioun.
Haut lieft den Yoshikazu Kamigaito
a Japan.
|