De Wado Ryu Karate Club Mamer ass e Club mat enger laanger Traditioun.
Et wor Ufank 1978, wéi dräi jonk Männer, den Emile Dax, den Alex
Schuh an den Nicolas Welsch - héich motivéiert durch
hir Expériencen aus demTraining beim Yoshikazu
Kamigaito an der Zäit vun hirem Studium zu Léck
- décidéiert hun, e Karate Club zu Lëtzebuerg ze grënnen.
Nodeems d’Statuten bis ausgeschafft woren, hun di dräi Männer sech
op d’Sich gemaach no engem geeegenten Trainingssall. Sie woren vierstelleg
bei der Gemeng Mamer, an et huet net laang gedauert, du kruten sie
den Raoul-Follereau aus der Jean-Marx Schoul fir 2 Owenter an der
Woch zur Verfügung gestallt.
An der Zäit koum den Meeschter Yoshikazu Kamigaito emmer rem op
Mamer, fir déi lëtzebuerger Karate-Ka’en an deser Kampfkonscht ze
instruéiren.
Säit sénger Grënnung am Joer 1978 hun iwwer 400 Karate’s-Interesséierten
am Kamigaito Wado Ryu Karate Club trainéiert.
Am Joer 1985 as den Club dem Daachverband FLAM
bäigetrueden.
Aktuell sin iwwer 80 Memberen am Alter vun 6 bis 60 Joer
am Club aktiv, dovun hun 10 Memberen di schwaarz Ceinture.